(134340) Pluto

(134340) Pluto
Pluto
Pluto
Orbittyp Kuiperceinture
Eegenschafte vum Orbit (Equinoxe: J2000.0)
Grouss Hallefachs 39.482 A.E.
PerihelAphel 29,658 – 49,305AE
Exzentrizitéit 0,2488
Inklinatioun 17,16Grad
Sideresch Ëmlafzäit 247,68 Joer
Synodesch Ëmlafzäit 366,73 d
Mëttel Bunnvitess 4,72 km/s
Physikalesch Eegenschafte
Equatorduerchmiesser 2390 km
Mass 1,25 × 1022
Albedo 0,6
Mëttel Dicht 1,75 g/cm3
Rotatiounsperiod −6 d 9 h 17 min 34 s
Absolut Hellegkeet +13,65
Eegenschafte vun der Atmosphär
Drock ≈ 3 • 10−6
Minimal Temperatur 33 K (−240 °C)
Mëttel Temperatur 44 K (−229 °C)
Maximal Temperatur 55 K (−218 °C)
Haaptbestanddeeler Stéckstoff, Kuelemonoxyd, Methan
Entdeckung
Entdecker C. Tombaugh
Datum 18. Februar 1930
Diverses De Pluto huet 4 Mounden

Den (134340) Pluto (Symboler: ⯓[1] oder ♇[2]) ass en Zwergplanéit an de prominentsten Objet vun der Kuiperceinture. En ass nom réimesche Gott vun der Ënnerwelt genannt. D'astronomescht Symbol vum Pluto ass .

De Pluto ass méi kleng wéi eisen Äerdmound a beweegt sech op enger elliptescher Bunn ëm d'Sonn. D'Form vun der Bunn wäicht däitlech vun de Planéitebunnen of. Vu senger Entdeckung den 18. Februar 1930 bis zu senger Neidefinitioun de 24. August 2006 ass de Pluto vun der IAU vum néngten a leschte Planéit vun eisem Sonnesystem zum Klengplanéit mat der Nummer 134340 zeréckklasséiert ginn. Déi nei vollstänneg offiziell Bezeechnung ass elo (134340) Pluto. Weider goufen nom Pluto déi nei definéiert Klasse vu Plutoiden a Plutinoe genannt.

Am Januar 2006 gouf mat New Horizons fir d'éischt eng Raumsond op de Pluto geschéckt. Si ass am Juli 2015 op 9600 Kilometer Distanz laanscht de Pluto an dann op enger Distanz vun 27.000 Kilometer laanscht säi Mound Charon geflunn.

  1. JPL/NASA, What is a Dwarf Planet?. Jet Propulsion Laboratory (22.04.2015). Gekuckt de(n) 19.01.2022.
  2. John Lewis; Physics and chemistry of the solar system

From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne