![]() | |
Eegenschafte vum Orbit | |
---|---|
Orbittyp | Haaptasteroidenceinture |
Bezuchspositioun | Equinoxe: J2000.0 |
Grouss Hallefachs | 2,992 A.E. |
Exzentrizitéit | 0,2274 |
Sideresch Ëmlafzäit | 5 a 64 d |
Mëttel Bunnvitess | 17,0 km/s |
Inklinatioun | 7,93 Grad |
Physikalesch Eegenschaften | |
Duerchmiesser | 103 km |
Mass | 1,1×1018 kg |
Rotatiounsperiod | 31 h 54 min |
Albedo | 0,0662 |
Absolut Hellegkeet | 8,5 |
Spektralklass | C |
Entdeckung | |
Entdecker | K.T.R. Luther |
Entdeckungsdatum | 19. Abrëll 1855 |
Plaz | Düsseldorf |
Aner Bezeechnungen |
1948 DC, 1950 RS1 1976 WH |
Den (35) Leukothea ass en Asteroid vun der Haaptceinture.
Den Objet gouf den 19. Abrëll 1855 vum Karl Theodor Robert Luther am Observatoire Düsseldorf entdeckt.
Den Himmelskierper gouf no der Leukothea, enger Mieresgëttin, déi den Odysseus virum Erdrénke gerett huet, genannt.
Den Asteroid Leukothea beweegt sech op enger Distanz vun 2,3211 (Perihel) bis 3,6689 (Aphel) A.E. a 5,184 Joer ëm eis Sonn. D'Bunn steet 7,929° schréi zu der Ekliptik, an d'Bunnexzentrizitéit ass 0,225.
Op Basis vun der absolutter Hellegkeet vun 8,5 an enger fir Asteroide mat donkler, kuelestoffhalteger Uewerfläch typescher Albedo vun 0,066 léisst sech fir de Leukothea e mëttleren Duerchmiesser vu ronn 104 Kilometer ofleeden. Et ass och z'erwaarden, datt d'Struktur vum Asteroid zimmlech onreegelméisseg ass, well d'Eegegravitatioun fir d'Formung vun engem Rotatiounsellipsoid net duergeet.