![]() | |
Eegenschafte vum Orbit | |
---|---|
Orbittyp | Transneptuneschen Objet |
Bezuchspositioun | Equinoxe: J2000.0 |
Grouss Hallefachs | 43,588 A.E. |
Exzentrizitéit | 0,036 |
Sideresch Ëmlafzäit | 287 a 284 d |
Mëttel Bunnvitess | 4,52 km/s |
Inklinatioun | 7,984 Grad |
Physikalesch Eegenschaften | |
Duerchmiesser | 890 ± 70 km |
Mass | ≈ 1,6 ± 0,3 ∙ 1021 kg |
Absolut Hellegkeet | 2,7 |
Entdeckung | |
Entdecker |
Chad Trujillo, Michael E. Brown |
Entdeckungsdatum | 4. Juni 2002 |
Plaz | Palomar-Observatoire |
Aner Bezeechnungen | 2002 LM60 |
De (50000) Quaoar (Symbol: ) ass en transneptuneschen Objet an der Kuiperceinture. Ier en den Numm Quaoar krut, gouf en ënner der virleefeger Bezeechnung 2002 LM60 gefouert. E gouf de 4. Juni 2002 vun den Astronomen Chad Trujillo a Michael E. Brown vum California Institute of Technology zu Pasadena, USA entdeckt, vun deenen hien och benannt gouf. Den Numm Quaoar staamt vum Genesismythos vun den nordamerikaneschen Tongva-Indianer, déi an der Géigend ëm Los Angeles liewen. De Quaoar gehéiert warscheinlech zu der Klass vun den Zwergplanéiten, déi de 24. August 2006 vun der Internationaler Astronomescher Unioun (IAU) agefouert gouf.