(90377) Sedna

(90377) Sedna
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp TNO
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs zirka 488 A.E.
Peridatum September 2076
Exzentrizitéit 0,844
Sideresch Ëmlafzäit zirka 10,770 ± 20 a
Mëttel Bunnvitess 1,036 km/s
Inklinatioun 11,929 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 995 ± 80 km
Rotatiounsperiod zirka 10 h
Albedo 0,32 ± 0,06
Absolut Hellegkeet 1,5 ± 0,3
Entdeckung
Entdecker Michael E. Brown
Chadwick A. Trujillo
David L. Rabinowitz
Entdeckungsdatum 14. November 2003
Plaz Palomar-Observatoire
Aner Bezeechnungen 2003 VB12

Den (90377) Sedna (Symbol: ⯲)[1] ass e groussen transneptuneschen Objet déi Säit vun der Kuiperceinture a gehéiert wéinst senger Gréisst a Mass héchstwarscheinlech zu den Zwergplanéiten. Wéinst sengem Perihel vu 76 Astronomeschen Eenheeten (AE) kann et kee vum Neptun gestreeten Objet vun der Kuiperceinture (KBO) sinn a gëtt vum Mike Brown an déi nei Klass vun den „Distant detached objects“ (DDOs) agesat.

  1. U+2BF2 ⯲. David Faulks (2016) 'Eris and Sedna Symbols,' L2/16-173R, Unicode Technical Committee Document Register.

From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne