Aasselbuerer Millen

Aasselbuerer Millen
Aasselburrer Millen
D'Aasselbuerer Millen (2006)
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Asselborn-Moulin
Land Lëtzebuerg
Kanton Klierf
Gemeng Wëntger
Buergermeeschter Lucien Meyers (CSV)
Koordinaten 50° 05’ 16.73’’ N
      05° 57’ 51.82’’ O
D'Mille vun der Bréck aus gesinn
Vue an den Haff
Vu Süde gesinn

D'Aasselbuerer Millen (lokal: Aasselburrer Millen[1]) ass e Lieu-dit an eng fréier Millen am Dall vun der Trëtterbaach zu Aasselbuer an der Gemeng Wëntger. Déi restauréiert Gebaier, déi a Privatbesëtz sinn, ginn ënner dem Numm Domaine du moulin d'Asselborn als Hotel, Restaurant, Café, Galerie a Musée benotzt.

Am Haff vun der Mille steet eng Skulptur vum Michel Pintz, dem Schéifermisch vun Aasselbuer. Si ass e Wierk vum lëtzebuergesche Sculpteur a Moler Michel Heintz jr. An engem Eck am Haff ass e klengen Ënnerdaach amenagéiert als Erënnerungsplaz un d'Affer vun der Ardennenoffensiv.

  1. Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Archivéiert de(n) 11.08.2020. Gekuckt de(n) 14.06.2020.

From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne