Advent (och nach Adventszäit, vu lat. adventus – Ukommen) heescht déi Zäitspan, déi vum 4. Sonndeg virum 25. Dezember (also Chrëschtdag) bis zum Sonnenënnergank de 24. Dezember geet. D'Längt vum Advent ass also variabel, jee nodeem op wéi e Wochendag Chrëschtdag fält, mä en huet ëmmer 4 Sonndeger (déi sougenannt Adventssonndeger). E stellt am Chrëschtentum den Ufank vum Kierchejoer duer a gëllt als eng Virbereedungszäit op Chrëschtdag. Et gëtt sech also op d'Feiere vun der Gebuert vum Jesus virbereet awer och op säin eschatologescht Kommen um Enn vun der Zäit.