Albrecht Schoenhals | |
---|---|
Gebuertsnumm | Albrecht Moritz James Karl Schoenhals |
Gebuer |
7. Mäerz 1888 Mannheim |
Gestuerwen |
4. Dezember 1978 Baden-Baden |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Dokter, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller |
![]() |
Den Albrecht Schoenhals, gebuer als Albrecht Moritz James Karl Schoenhals de 7. Mäerz 1888 zu Mannheim, a gestuerwen de 4. Dezember 1978 zu Baden-Baden, war en däitsche Schauspiller.
Den Albrecht Schoenhals hat vun 1920 un Theaterengagementer zu Freiburg, Baden-Baden, Frankfurt am Main an Hamburg. Hie krut seng éischt Roll am Kino am Joer 1934 am Film Fürst Woronzeff vum Arthur Robison. Seng lescht Roll hat hien am Film La caduta degli dei (1969) vum bedeitenden italieenesche Filmregisseur Luchino Visconti mat dem Dirk Bogarde an der Ingrid Thulin an den Haaptrollen.