Alec Guinness | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | Alec Guinness de Cuffe |
Gebuer |
2. Abrëll 1914 Marylebone |
Gestuerwen |
5. August 2000 Midhurst |
Doudesursaach | Liewerkriibs |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Aktivitéit | Filmschauspiller, Autobiograph, Charakterschauspiller, Dréibuchauteur, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller, Schauspiller |
Member vun | American Academy of Arts and Sciences |
Famill | |
Bestuet mat | Merula Salaman |
Kanner | Matthew Guinness |
![]() |
De Sir Alec Guinness, CH CBE, gebuer den 2. Abrëll 1914 zu Paddington, London, a gestuerwen de 5. August 2000 zu Midhurst, West Sussex, England, war en englesche Schauspiller.
No enger fréier Karriär op der Bün huet hien an den 1950er an 1960er Jore mat groussem Succès a sougenannten Ealing Comedies matgespillt, dorënner The Ladykillers a Kind Hearts and Coronets (woudran en aacht verschidde Rollen hat). Am bekanntste gouf en duerch seng Zesummenaarbecht mam David Lean an deem senge Filmer: als Herbert Pocket a Great Expectations (1946), Fagin an Oliver Twist (1948), de Col. Nicholson an The Bridge on the River Kwai (1957, woufir en den Oscar fir déi bescht männlech Haaptroll krut), de Prënz Faisal a Lawrence of Arabia (1962), de Yevgraf an Doctor Zhivago (1965), an als Professor Godbole an A Passage to India (1984). Och fir seng Roll als Obi-Wan Kenobi am George Lucas senger Original-Star Wars-Trilogie gouf hie wäit bekannt.
De Guinness war, zesumme mam Laurence Olivier a mam John Gielgud, ee vun den dräi brittesche Schauspiller, déi nom Zweete Weltkrich de Sprong vu klassesche Shakespeare-Theaterrollen an Hollywood-Blockbuster gepackt hunn. Nieft dem Oscar huet den Alec Guiness e BAFTA Award, Golden Globe an en Tony Award gewonnen. 1959 gouf hie vun der Kinnigin Elizabeth II. fir säi Verdéngscht ëm d'Konscht geadelt.