![]() | |
Lokalisatioun | |
---|---|
Land | Däitschland, Éisträich, Schwäiz, Frankräich, Italien, Slowenien, Monaco, Liechtenstein, Ungarn |
Koordinaten | 46°34'41"N, 8°36'54"O |
Fläch | 190.000 km² |
Héicht | 4.810,9 m |
![]() |
D'Alpen (vum Latäin Alpes, deem säi Stamm alb- "wäiss" bedeit) sinn eng Biergketten an Europa, déi sech vun der franséischer Mëttelmierküst am Südweste bis un d'Pannonesch Griecht am Osten erstreckt, an dobäi duerch 9 Länner geet: Frankräich, Monaco, Italien, Schwäiz, Éisträich, Slowenien, Däitschland, Liechtenstein an 2 bierger zu Ungarn. Se hunn eng Fläch vun iwwer 200.000 km².
D'Alpe sinn déi héchst a gréisst Bierger a Westeuropa. Am Weste leie Bierger, déi iwwer 4.000 Meter héich sinn (bal 100 Stéck), déi am Oste sinn héchstens ronn 3.000 Meter héich. Den héchste Bierg ass de Mont Blanc (4.811 m). Aner bekannt Bierger sinn d'Matterhorn, d'Zugspitze, den Eiger an de Grossglockner. D'Alpe si relativ jonk Bierger, déi am Tertiär entstane sinn. Grouss Flëss, wéi de Rhône, de Rhäin, de Po an den Inn hunn do hir Quell.
D'Alpe sinn eng wichteg klimatologesch a geographesch Barriär an Europa. Se sinn eng Waasserscheed tëscht Nord- a Südeuropa a maachen d'Grenz tëscht dem Mëttelmierklima an dem temperéierte Klima, dat duerch den Atlanteschen Ozean beaflosst gëtt. Zanter der Virgeschicht gëtt et duerch d'Alpe wichteg Handelsweeër tëscht Nordeuropa an dem Mëttelmier.
D'Alpe ginn an ëstlech a westlech Alpen agedeelt, woubäi d'Grenz op enger Linn Bodensee-Chur-Comer Séi leeft. D'ëstlech Alpe gi weiderhin, vun Norden no Süden, an 3 Gruppen agedeelt: Nërdlech Kallekalpen, d'Zentral Alpen a Südlech Kallekalpen.