![]() |
Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun de Medezinartikelen. Dës Informatioune si fir eng allgemeng Weiderbildung geduecht, mä ersetzen op kee Fall en Dokter oder Apdikter! Och d'Éischt-Hëllef-Rotschléi kënnen op kee Fall mat engem richtegen Éischt-Hëllef-Cours gläichgesat ginn! |
D'Alzheimer-Krankheet (Morbus Alzheimer) ass eng Demenz-Krankheet (lat. demens, "duercherneen") vum Gehier, déi sech virun entwéckelt an déi haaptsächlech am Alter optrëtt. Si mécht sech bemierkbar duerch d'Ofhuele vum Gediechtnes a vun der Gehieraktivitéit. D'Krankheet fänkt u mat enger Vergiesslechkeet déi ëmmer méi grouss gëtt, déi am Ufank zoufälleg schéngt, mä déi weider zouhëlt an zum Verloscht vum Verstand féiert. Virum Alter vu 65 geet vun enger preseniler Demenz (PDAT) rieds, nom 65. Liewensjoer vu seniler Demenz vum Alzheimer Typ (SDAT).
1906 huet den Dokter Alois Alzheimer bei der Patientin Auguste Deter fir d'éischt déi Krankheet diagnostizéiert an nogewisen datt se physiologesch an net psychologesch bedéngt ass. Ongeféier zur selwechter Zäit huet den Dokter Oskar Fischer, deen an der psychiatrescher Klinick zu Prag praktizéiert huet, déi Krankheet beschriwwen. Den Numm Alzheimer-Krankheet huet hir den Emil Kraepelin a sengem Lehrbuch der Psychiatrie (1911) ginn.
Et kënnt zur Degeneratioun vu bestëmmten Neuronen an doduerch zu enger Stéierung vun den normalen zerebrale Funktiounen, wat bei Patienten zu Stéierunge vun der Sprooch, vum Denkprozess a vum Gediechtnes féiert. D'Gehiermass hëlt am Verlaf vun der Krankheet of, dat heescht et kënnt zu enger Atrophie vum Gehier.