Den Amphiaraos war an der griichescher Iwwerliwwerung en argiveschen Hellseeër, Jong vum Oikles a vun der Hypermestra, Mann vum Eriphyle, der Schwëster vum Adrastos, a Papp vum Alkmaion an Amphilochos. En huet den Don vun der Weissagung entweeder vum Zeus oder vu sengem Grousspapp Melampus.