Anthony Mann | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
30. Juni 1906 San Diego |
Gestuerwen |
29. Abrëll 1967 Berlin |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmproduzent, Theaterregisseur, Regisseur |
Famill | |
Bestuet mat | Sara Montiel |
![]() |
Den Anthony Mann, gebuer als Emil Anton Bundesmann den 30. Juni 1906 zu San Diego, a gestuerwen den 29. Abrëll 1967 zu Berlin, war en US-amerikanesche Filmregisseur.
Duerch e puer Filmer, aus dem Genre Film noir, ass den Anthony Mann bekannt ginn. Seng Stäerkt waren awer Western wéi Bend of the River (1952), The Naked Spur (1953), The Man from Laramie (1955) all mam James Stewart an dann nach Man of the West (1958) mam Gary Cooper.
Fir de Produzent Samuel Bronston huet hien och nach zwéi Monumentalfilmer gedréint sou am Joer 1961 El Cid mam Charlton Heston an der Sophia Loren dann am Joer 1964 The Fall of the Roman Empire erëm mat der Sophia Loren, dem Stephen Boyd an dem Alec Guiness.
Am Joer 1967 bei den Dréiaarbechte vum Film A Dandy in Aspic ass hien un engem Häerzschlag gestuerwen, de Film gouf vum Haaptacteur Laurence Harvey fäerdeg gedréint.