Anthony Perkins | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
4. Abrëll 1932 New York |
Gestuerwen |
12. September 1992 Hollywood |
Doudesursaach | Longenentzündung |
Nationalitéit | USA |
Educatioun |
Columbia University, Brooks School |
Aktivitéit | Schauspiller |
Famill | |
Papp | Osgood Perkins |
![]() |
Den Anthony Perkins, gebuer de 4. Abrëll 1932 zu New York City, a gestuerwen den 12. September 1992 zu Hollywood, war en US-amerikanesche Schauspiller a Filmregisseur.
Am Joer 1953 huet den Anthony Perkins am Film vum George Cukor The Actress seng éischt Roll am Film gespillt. Groussen Erfolleg hat hie mat enger vun den Haaptrollen am Filmklassiker Psycho vum Alfred Hitchcock.
De Perkins war a weidere grousse Filmer wéi, Le procès (1962) vum Orson Welles, La décade prodigieuse (1971) vum Claude Chabrol an The Life and Times of Judge Roy Bean (1972) vum John Huston ze gesinn.