Arabesch Liga

Fändel vun der Arabescher Liga

D'Arabesch Liga (op Arabesch: الجامعة العربية‎), offiziell Liga vun den Arabesche Staten (جامعة الدول العربية Dschāmiʿat ad-Duwal al-ʿArabiyya) ass eng regional Organisatioun aus arabesche Länner an a ronderëm Nordafrika, d'Har vun Afrika a Südwestasien. Si gouf den 22. Mäerz 1945 zu Kairo vum Kinnekräich Egypten, dem Kinnekräich Irak, Transjordanien, dem Libanon, Saudi-Arabien a Syrien gegrënnt. Jemen ass de 5. Mee 1945 derbäikomm. Momentan huet d'Liga 22 Memberstaten, obwuel déi syresch Participatioun wéinst der Repressioun duerch d'Regierung am aktuelle Biergerkrich zënter November 2011 ausgesat ass. (Stand: Januar 2015)

D'Haaptzil vun der Organisatioun ass et d'"Relatioun tëscht de Memberstate méi enk ze maachen an d'Kollaboratioun tëscht hinnen ze koordinéieren, fir hir Onofhängegkeet an hir Souveränitéit ze sécheren an op eng generell Manéier d'Affären an d'Interesse vun den arabesche Länner ze konsideréieren".[1]

Mat Institutioune wéi der Arabescher Organisatioun fir Erzéiung, Kultur a Wëssenschaft an dem Wirtschafts- a Sozialrot vum Rot fir Arabesch Wirtschaftseenheet facilitéiert d'Arabesch Liga politesch, wirtschaftlech, kulturell, wëssenschaftlech a sozial Programmer déi d'Interesse vun der arabescher Welt promovéiere sollen. D'Liga ass och e Forum an deem d'Memberstaten hir politesch Positioune koordinéieren an iwwer aktuell Theemen debattéieren, an an deem scho verschidden arabesch Streidereie geléist gi sinn a Konflikter limitéiert goufen. D'Liga ass och d'Plattform op där vill bedeitend Dokumenter iwwer wirtschaftlech Integratioun ausgeschafft goufen.

All Memberstat huet nëmmen ee Vott am Rot vun der Arabescher Liga, mä nëmmen déi Staten, déi gestëmmt hunn, sinn un d'Decisioune gebonnen.

  1. "Pact of the League of Arab States, 22 March 1945", The Avalon Project, Yale Law School, 1998 (gekuckt den 21. Januar 2015)

From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne