De Gradsecteur Arcadiagehéiert zu den 30 Gradsecteuren um Mars. Si goufe vum USGS festgeluecht. D'Nummer ass MC-3, de Gradsecteur ëmfaasst e Gebitt vu 60° bis 120° westlecher Längt a vun 30° bis 65° südlecher Breet.[1]
Den Numm staamt vun enger Bezeechnung vun enger Albedoformatioun am Beräich vu 45° N an 260° W um Mars. D'Géigend gouf no enger Biergregioun am Süde vu Griicheland genannt. Den Numm gouf 1958 vun der I.A.U. festgehalen. Am Gradsecteur steet deen no Fläch a Volume gréisste Vulkan aus dem Sonnesystem, an dat vu Kloften duerchschniddent Gebitt mam Numm Tempe Terra, wat sou grouss wéi Alaska ass.