Ares

Aner Nimm: MarsTyr


Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem griichesche Gott Ares. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Ares (Homonymie).
Kapp vum Ares mat Helm, 4. Joerhonnert v. Chr..

Den Ares (gr.: ῎Αρης) war an der griichescher Mythologie de Krichsgott. Hie war de Jong vum Zeus an der Hera, an huet zu den zwielef olympesche Gëtter gezielt. Bei de Réimer gouf hie Mars genannt.

D'etymologesch Wuerzele vu sengem Numm sinn net kloer, Ares kéint "deen, dee verdierft" oder "de Rächer" heeschen. D'Figur vum Ares, deen ermuert huet, kënnt wuel aus Thrakien an der Bronzezäit, si gëtt och mythologesch als seng Heemecht genannt. Schonn a mykenescher Zäit (1600-1050 v. Chr.) war hien um griichesche Festland verbreet. Méiglech ass och, datt den Ares a virgriichescher Zäit e Fruuchtbarkeetsgott war, wat méi zu senger réimescher Entspriechung passt. Als ongeléifte Gott war hien an der Konscht wesentlech manner vertrueden, wéi säi réimeschen alter ego Mars.


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne