Ariane 4

Start vun der éischter Ariane 4, enger Ariane 44LP (NASA)

D'Ariane 4 ass eng europäesch Drorakéit aus der Ariane-Serie, déi am Optrag vun der ESA entwéckelt gouf. Mat 116 Starten, vun deenen 113 erfollegräich waren, ass si dat bis elo erfollegräichst Arianemodell mat enger Zouverléissegkeet vun 97,4 %. Hiren éischte Fluch hat si de 15. Juni 1988.

D'Ariane-4-Rakéite waren tëscht 55 m an 60 m héich a konnten eng Notzlaascht vu bis zu 4,9 t an eng Geostationär Transferbunn transportéieren. D'Startgewiicht war tëscht 243 t an 480 t. D'Ariane 4 hat meeschtens zwee iwwerenee leiend Satellitten an d'Ëmlafbunn transportéiert. Dës Eegenschaft hat der Ariane 4 zu gënschtere Startpräisser gehollef an zesumme mat hirer héijer Zouverléissegkeet, Arianespace zu enger staarker Dominanz am Satellittentransportgeschäft. Arianespace hat sou iwwer Joren e Weltmaartundeel vun zirka 60 % gehalen. De leschte Fluch (den 159.) war de 15. Februar 2003.

Eréischt nom leschte Start vun der Ariane 4 gouf gemierkt, datt si eng Capacitéitsniche fir de Start vu mëttelschwéiere Kommunikatiounssatellitten ofgedeckt huet, déi elo op war. Dofir start an hirer Plaz zanter Enn 2010 d'Sojus zu Kourou.


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne