D'Astrofotografie ëmfaasst déi Methode vun der Fotografie, mat deene Stären an aner Himmelskierper am visuelle Liicht ofgebilt an dauerhaft op verschidde Medien (fotografesch oder elektronesch) gespäichert ginn.
Mat hirer Hëllef kann een och Objeten duerstellen, déi ze liichtschwaach fir visuell Observatioune sinn. Fotografesch Emulsiounen (Filmer, Placken) oder elektro-optesch Bildsensoren hunn am Géigesaz zum A d'Eegeschaft, d'Wierkung vum Liicht wärend laange Beliichtungszäite sammelen ze kënnen. D'Objete vun der Astrofotografie reeche vun de Kierper aus dem Sonnesystem (Planéiten, Asteroiden, Koméiten, Meteoren asw.) iwwer Objeten an eiser Mëllechstrooss (Stären,Stärekéip, Niwwel) bis zu de wäitste Galaxien a Galaxiëkéip.
Am Allgemenge mussen d'Himmelfotoe der deeglecher Dréiung vum Stärenhimmel nogefouert ginn, fir eng punktfërmeg Foto vun den Himmelskierper ze kréien. Dofir ginn d'Teleskope resp. d'Kamerae mat enger equatorialer Montéierung ekipéiert. Eng Achs ass genee op den Himmelspol (verlängert Äerdachs) ausgeriicht. D'Noféierung ka manuell oder maschinell geschéien.
Technike vun der Astrofotografie ginn och an der Satellittegeodesie, an der Ballistik an an der Raumfaart agesat, fir vun de Fluchkierper eng Bunnbestëmmung duerchzeféieren.