Astrographe si speziell Kameraen, déi fir déi wëssenschaftlech Astrofotografie agesat ginn. Si hunn d'Fäegkeet, trotz laange Brennwäite grouss Felder um Himmel z'erfaassen a liichtstaark duerzestellen.
Fir déi Aarbecht sollen hir Objektiver ee besonnesch grousst (z. B. 300 mm × 300 mm), méiglechst verzeechnungsfräit a flaacht Bildfeld liwweren. Den Ofbildungsmoossstaf iwwer engem grousse Spektralberäich soll konstant bleiwen, a sech beim Ofkillen nuets net ze staark änneren. Mat Lënsenobjektiver goufe schonn ëm d'Joerhonnertwenn Optike mat 40 cm Ëffnung gebaut (kuckt dozou d'Bild vum Bruce-Duebelastrograph).