Audrey Hepburn | |
---|---|
![]() am Film "Roman Holiday" (1953) | |
Gebuertsnumm | Audrey Kathleen Ruston |
Pseudonym | Edda van Heemstra |
Gebuer | 4. Mee 1929 |
Gestuerwen |
20. Januar 1993 Tolochenaz |
Doudesursaach | Longekriibs |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Aktivitéit | Theaterschauspiller, Mannequin, Filmschauspiller, Philanthrop, Dänzer, Ballettdänzer, Schauspiller, Humanitarier |
Famill | |
Bestuet mat | Mel Ferrer, Andrea Dotti |
Liewenspartner(in) | Robert Wolders |
Mamm | Ella van Heemstra |
![]() |
D'Audrey Hepburn, gebuer de 4. Mee 1929 zu Ixelles an der Belsch, a gestuerwen den 20. Januar 1993 zu Tolochenaz (Kanton Vaud, Schwäiz); eigentlech Audrey Kathleen Hepburn-Ruston, war eng Schauspillerin mat brittesch-hollänneschen Originnen.
Si hat kleng Statisterollen a Filmer, wéi se vun der franséischer Schrëftstellerin Colette entdeckt gouf, fir d'Haaptroll vun hirem Stéck Gigi um Broadway ze spillen. Dat hat e grousse Succès, an Hollywood gouf op se opmierksam. Direkt fir hir éischt Haaptroll am Film Roman Holiday (1953) (mam Gregory Peck) krut si 1954 en Oscar.
Si huet an den 1950er an 1960er Joren zu de populäerste Stare gezielt. Si hat grousse Succès mat Filmer wéi Sabrina, War and Peace (mam Mel Ferrer, dee se beim Theaterstéck Ondine kennegeléiert hat an dee se du bestuet huet), Breakfast at Tiffany's, My Fair Lady oder Wait until Dark.
Fir hir kënschtleresch Leeschtunge krut si ë. a. den Oscar, dräi Golden Globes, een Emmy, zwéin Tony Awards an ee Grammy.
Méi spéit am Liewen huet si bal nëmmen nach als UNICEF-Sonnerambassadrice geschafft.