Avenue Guillaume

Avenue Guillaume
Numm fr: Avenue Guillaume
Fréieren Numm de: Wilhelmallee
Deel vun N5A
Längt ca. 580 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Belair
Postcode 1650, 1651
Koordinaten 49° 36’ 25.3’’ N
      06° 06’ 58.7’’ O

D'Avenue Guillaume ass eng Strooss am Quartier Belair vun der Stad Lëtzebuerg. Se huet hiren Ufank op der Kräizung Boulevard Grande-Duchesse Charlotte / Escher Strooss a leeft dann a Richtung Weste bis bei d'Avenue du Dix-Septembre. Als Verbindung tëscht der N4 an der N5 ass se och eng Nationalstrooss, an zwar d'N5A.

D'Avenue krut hiren Numm als Undenken un de Wëllem IV. dee vun 1905 bis 1912 Groussherzog vu Lëtzebuerg war[1].

Ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) huet d'Strooss „Wilhelmallee” geheescht[2].

  1. Evy Friedrich, 1983. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Ons stad 13: 30
  2. Guy May, 2002. Die Straßennamen der Stadt Luxemburg unter deutscher Besatzung (1940-1944). Ons stad 71: 30-32

From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne