| |
Numm | fr: Avenue Monterey |
---|---|
Fréieren Numm |
fr: Rue du Génie[1] de: Montereyallee |
Deel vun | N5 |
Längt | ca. 705 m |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Lëtzebuerg |
Quartier | Uewerstad |
Postcode | 2163 |
Koordinaten |
49° 36’ 37.3’’ N 06° 07’ 27.6’’ O |
Genannt no | Juan Domingo de Zuñiga y Fonseca |
![]() |
D'Avenue Monterey ass eng Strooss an der Stad Lëtzebuerg. Se huet hiren Ufank um süd-westlechen Eck vun der Plëss a verleeft dann a Richtung Weste bis op d'Kräizung mam Boulevard Grande-Duchesse Charlotte. Den éischten Deel bis bei d'Postgebai ass Foussgängerzon; vum Boulevard Royal un ass se den éischten Deel vun der N5 déi bis op Rodange viru geet.
D'Strooss ass benannt nom Grof vu Monterrey, deen tëscht 1670 a 1675 Generalgouverneur vun de Spueneschen Nidderlande war a 1671 d'Festung Lëtzebuerg ausbaue gelooss huet[2].
Ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) housch d'Strooss „Montereyallee”[3].