Stad Baikonur (Russland) Stad mat Extra-Status, gegrënnt 1955 | |
---|---|
![]() | |
Gebitt | Qysylorda |
Héichr | 100 m |
Awunner | 59147 am Joer 2009 |
Fläch | 57 km² |
Zäitzon | UTC+6 |
Koordinaten | 47° 50′ 0″ N, 66° 2′ 40″ O |
Baikonur (Kasachesch: Baıqońyr), bis 1995 Leninsk ass eng Stad am südleche Kasachstan, ongeféier 200 Kilometer ëstlech vum Aralséi um Nordufer vum Floss Syrdarja. Iwwerregional bekannt ass d'Stad virun allem fir säi Kosmodrom, vun deem aus zanter iwwer 50 Joer sowjetesch resp. russesch Weltraummissioune gestart ginn. D'Stad gëtt zanter Enn 1994 vu Russland gepacht a steet ënner russescher Administratioun.[1]
Déi geographesch Koordinate vum Stadzentrum sinn 45° 38′ N, 63° 19′ O . 20 km nërdlech vun der Stad ass déi gréisst russesch Weltraumgare, de Kosmodrom Baikonur (kasach. Baıqońyr ǵarysh aılaǵy; russ. Космодром Байконур/Kosmodrom Baikonur).
D'Stad Baikonur ass en eegestännegen Distrikt vum Kasachstan.