Barbara Lass | |
---|---|
Gebuer | 1. Juni 1940 |
Gestuerwen |
6. Mäerz 1995 München |
Doudesursaach | Hiereschlag |
Nationalitéit | Polen |
Aktivitéit | Filmschauspiller |
Famill | |
Bestuet mat | Roman Polański, Karlheinz Böhm |
Kanner | Katharina Böhm |
D'Barbara Lass, gebuer als Barbara Kwiatkowska den 1. Juni 1940 zu Patrowo a Polen, a gestuerwen de 6. Mäerz 1995 zu Baldham a Bayern, war eng polnesch Schauspillerin.
Si krut Rollen a Filmer vu bedeitende Filmregisseure wéi René Clément, Margarethe von Trotta, Rainer Werner Fassbinder, Andrzej Munk, Roman Polański a Peter Lilienthal.
Si war vun 1959 bis 1962 mam Regisseur Roman Polanski a vun 1963 bis 1980 mam Schauspiller Karlheinz Böhm bestuet. D'Schauspillerin Katharina Böhm ass hir Duechter aus dem Mariage mam Böhm.