![]() D'Moundkratere Barnard (lénks) an Humboldt (riets) op enger Foto vun Apollo 15 | |
Koordinaten | 29°47'24"S, 85°57'0"O |
---|---|
Duerchmiesser | 115,73 km |
Déift | 2660 m[1] |
Selenographesch Längt | 276° bei Sonnenopgank |
Genannt no | Edward Emerson Barnard |
Genannt am Joer | 1964 |
Moundvéiereck | LQ21 |
De Barnard ass en Aschlagkrater um ëstleche Rand vun der viischter Moundsäit, nordwestlech vum Mare Australe, südëstlech vum grousse Krater Humboldt.
De Kraterrand ass staark erodéiert a gëtt am Süde vum Niewekrater Barnard A iwwerlagert. Dat Bannenzegt ass hiwweleg.
Buschtaf/Numm | Positioun | Duerchmiesser | Link |
---|---|---|---|
A | 32,06° S, 85,11° O | 16 km | [1] |
D | 31,38° S, 89,13° O | 52 km | [2] |
De Krater gouf 1964 vun der I.A.U. nom US-amerikaneschen Astronom Edward Emerson Barnard genannt.