Bastioun Louis

Lag vun der Bastioun Louis ("30, B.L." = "Bastion Louis") 1794, Ausschnëtt vum Plang vum Alfred Lefort.

D'Bastioun Louis (virdrun Cavalier del Prevosto; an och Bastioun Piémont) ass ee Festungswierk vun der Festung Lëtzebuerg. Se läit beim haitege Boulevard Roosevelt, op der Héicht wou d'Passerelle op den Helleg-Geescht-Plateau stéisst. D'Stëtzmauere mat de Contreforts vun der Bastioun existéieren nach, ma de Parapet gouf ofgedroen, an am fréiere Bastiounshaff stinn haut op 4 Parzellen Haiser[1].

D'Bastioun ass nom franséische Kinnek Louis XIV genannt, och wann éischt Pläng hir den Numm vum François Michel Le Tellier de Louvois ginn, dee vu 1662 bis 1691 franséische Krichsminister war, an a groussem Mooss um Ausbroch vum Krich géint d'Habsburger bedeelegt war. Et schéngt awer, wéi wann ënner dem Androck vun der Stad an dem Gefalen, dat de Kinnek un der Stad a sengen Awunner fonnt huet, d'Decisioun geholl gi wier, hir net den Numm vum Haaptresponsabele fir de mäerderesche Bombardement vu Chrëschtdag 1683 ze ginn, fir d'Populatioun net rosen ze maachen.

  1. (de) Yegles-Becker, Isabelle. Baugeschichte der Bastion Louis. In: Frënn vun der Festungsgeschicht Lëtzebuerg a.s.b.l.: 15 Joer – Jahre – ans. Luxembourg: Imprimerie Centrale (2008). S. 103ff.

From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne