Belval

Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Site Belval tëscht Esch a Bieles. Fir aner Uertschafte mat deem Numm, kuckt wgl. Belval (Homonymie).
Belval vun Nordwesten aus (Wanter 2019-20)
De Belval am Mee 2010.
Am Verglach, de Belval am Abrëll 1991.

Déi fréier Frichë vu Belval sinn 122,7 ha grouss a leien um Terrain vun de Gemengen Esch-Uelzecht a Suessem, laanscht d'franséisch Grenz, op de Flouere Belval a Laangwiss.

Do war knapps ee Joerhonnert laang d'integréiert Schmelz/Stol- a Walzwierk vun Arbed-Esch-Belval, déi 1909-1913 als Adolf-Emil-Hütte gegrënnt gouf. D'ArcelorMittal (d'Nofollger-Gesellschaft) bedreift haut nach en Elektrostoluewen an e Walzwierk um ëstlechen Deel vun deem Terrain. Deen Terrain deen am Weste louch, war, nodeem do 1996 de leschten Héichuewen ausgemaach gouf, eng Industriebrooch.

De 4. Abrëll 1996 hunn d'Lëtzebuerger Regierung an d'Arbed decidéiert, eng gemeinsam Struktur ze schafen, de Groupement d'intérêt économique pour l'étude de la reconversion des sites sidérurgiques (GIE-ERSID), fir der Arbed hire Frichen (am Ganze ronn 650 ha.) nei Funktiounen ze ginn. De GIE-ERSID huet 4 Sitten als prioritär definéiert: Belval, Éilereng, Lentille Terre Rouge a Rodange.

Dorop gouf 1999 den Architektebüro Dewey & Muller beoptraagt, e Masterplang fir Belval auszeschaffen. Den 1. August 2001 gouf duerch e Gesetz Agora gegrënnt, wou de Staat an d'Arbed dra waren. Agora huet 2001 en internationalen Urbanisteconcours ausgeruff, dee vum Jo Coenen & Co gewonne gouf.


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne