Bernard Blier | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
11. Januar 1916 Buenos Aires |
Gestuerwen |
29. Mäerz 1989 Saint-Cloud |
Doudesursaach | Prostatakriibs |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun |
Lycée Condorcet, Conservatoire national supérieur d'art dramatique |
Aktivitéit | Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller |
Famill | |
Bestuet mat | Annette Blier |
Kanner | Bertrand Blier |
![]() |
De Bernard Blier, gebuer den 11. Januar 1916 zu Buenos Aires (Argentinien), a gestuerwen den 29. Mäerz 1989 zu Saint-Cloud (Hauts-de-Seine) (Frankräich), war e franséische Schauspiller.
De Bernard Blier war ganz bekannt, obschonn hie ganz seelen d'Haaptroll an engem Film gespillt huet.
Hie war sou gutt am Drama (Série noire) wéi an der Comedie (Le grand blond avec une chaussure noire) doheem. Hien huet mat de gréisste Regisseure wéi Marcel Carné, Henri-Georges Clouzot a Luchino Visconti geschafft. Donieft ass en awer och a Filmer opgetrueden déi sengem Talent onwierdeg ware wéi Du mou dans la gâchette a Le fou du labo 4.
De Bernard Blier huet an iwwer 170 Filmer matgespillt.
De Filmregisseur Bertrand Blier ass dem Bernard Blier säi Jong.