Biergkarabach (Armeenesch Լեռնային Ղարաբաղ/Lernajin Gharabagh; Aserbaidjanesch Dağlıq Qarabağ oder Yuxarı Qarabağ, "ieweschte schwaarze Gaart"), och nach dacks no der armeenescher Alternativbezeechnung Arzach oder no der russescher Bezeechnung Nagorny Karabach genannt, ass eng Regioun déi am Südoste vum Klenge Kaukasus läit, an haaptsächlech vun Armeenier bewunnt, mä zanter knapps 100 Joer tëscht Armenien an Aserbaidjan ëmstridden ass. Vum 1. Januar 2024 un, soll de Biergkarabach vëlkerrechtlech erëm zu Aserbaidjan gehéieren.
Déi territorial Definitioun vun der Regioun huet iwwer d'Zäit geännert. Den historeschen Territoire huet ganzer 8223 km² ëmfaasst[1],[2]. Dacks gëtt Biergkarabach awer als politesche Begrëff mat dem fréieren Autonome Gebitt Biergkarabach bannent der fréierer Aserbaidjanescher SSR gläichgesat, engem Territoire vun enge 4400 km². Obschonn et ëmmer nach offiziell op aserbaidjaneschem Staatsgebitt läit, ass dee gréissten Deel vu Biergkarabach zanter 1992 awer de facto ënner Kontroll vun der international net unerkannter Republik Arzach.
D'Regioun ass vu Bierger a Bëscher markéiert, se huet awer och eng Rei relativ flaach Däller. Si läit an der Moyenne op 1100 m iwwer dem Mier.