Eng Bitzmaschinn ass en Apparat mat deem ee Stëfter hallefautomatesch unenee bitze kann.
Se gouf 1830 vum Barthélemy Thimonnier, engem vu Lyon gebiertege Schneider erfonnt an op Basis vu verschiddene Grondprinziper virunentwéckelt. An der 2. Hallschent vum 19. Joerhonnert, war se sou wäit developpéiert, datt se a Massefabrikatioun gemaach gouf, a sou och an de Stéit an de Gebrauch komm ass. Déi mechanesch Bitzmaschinne fir de Stot ginn iwwer e Rimm ugedriwwen deen iwwer zwou Pullië leeft. Déi eng Pulli ass nieft dem Handrad, op der Dreifachs vum Mechanissem vun der Bitzmaschinn festgemaach. Déi aner Pulli mat méi engem groussen Duerchmiesser ass ënnendrënner um Gestell vun der Maschinn festgemaach, a gëtt iwwer eng Kuerwelwell déi iwwer eng Pedalll ënner der Maschinn aktionéiert gëtt, ugedriwwen. Verschidde Modeller hunn zwou grouss Pullië mat verschiddenen Duerchmiessere fir sou d'Vitess vum Bitze kënnen z'änneren. No den 1950er Joren hu sech lues a lues Bitzmaschinne mat engem elektresche Motor, fir d'Stéit duerchgesat.
Bitzmaschinne ginn och an der Schousterei an an der Suedlerei benotzt.