Blizzard Entertainment

Blizzard Entertainment
Typ Sàrl
Grënnungsdatum 1991
Sëtz  USA
Irvine, CA
Frankräich
Vélizy, Yvelines
Generaldirekter Michael Morhaime
President
Rob Pardo
Vizepresident
Mataarbechter 1'600 (2006)
Ëmsaz $1,5 Milliarden USD (2006)
Produit Computer- a Videospiller
Homepage www.blizzard.com

Blizzard Entertainment ass eng US-amerikanesch Computer- a Videospiller-Entreprise, mat Sëtz zu Irvine (Kalifornien).

Blizzard Entertainment gouf 1991 ënner dem Numm Silicon & Synapse gegrënnt. D'Firma huet Spiller wéi Rock & Roll Racing an The Lost Vikings (verëffentlech vun Interplay Productions) op de Maart bruecht, a gouf 1994 vum Tëschenhändler Davidson & Associates fir manner wéi 10 Milliounen US-Dollar opkaf. Kuerz Zäit drop huet Blizzard den Duerchbroch mam Spill Warcraft gepackt. D'Fuerschungs- an Entwécklungsabteilung vu Blizzard besteet aus méi wéi 150 Entwéckler, Produzenten, Programméierer, Kënschtler a Soundtechniker.

Blizzard huet e puermol de Besëtzer gewiesselt: Davidson gouf 1996 vun CUC opkaf; duerno huet CUC mat HFS Corporation fusionéiert, fir 1997 déi nei Entreprise Cendant Software ze grënnen. No engem grousse Comptabelskandal am Joer 1998 huet Cendant seng Parten – inklusiv Blizzard – un de franséische Verlag Havas verkaaft. Nach am selwechte Joer gouf Havas vu Vivendi Universal opkaf. Blizzard war duerno en Deel vu VU Games vu Vivendi Universal, zanter 2008 ass et en Deel vun Activision Blizzard.

De Bill Roper huet Blizzard am Joer 2003 verlooss, a vill Blizzard-Mataarbechter hu mat him déi nei Firma Flagship Studios gegrënnt. Grond heifir waren Ausernanersetzunge mam Management vu Vivendi.

Mat Starcraft huet Blizzard eent vun de meeschtverkaften Echtzäitstrategiespiller vun der Welt erausbruecht. De jéngste groussen Erfolleg konnt Blizzard mat World of Warcraft, wat Ufank 2005 an Europa erauskomm ass, feieren. Weltwäit goufen iwwer 8 Milliounen Exemplare verkaaft. Blizzard gouf nieft de Spiller och duerch de käschtefräien Déngscht Battle.net bekannt. 2010 hu se Starcraft II verëffentlecht.


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne