| |||||
---|---|---|---|---|---|
![]() | |||||
Land | ![]() | ||||
Regioun | ![]() | ||||
Departement | ![]() | ||||
Arrondissement | Bourges | ||||
Kanton | Bourges 1 / 2 / 3 / 4 / 5 | ||||
Postcode | 18000 | ||||
Gemengecode | 18033 | ||||
Koordinaten | 47° 05’ 04’’ N 02° 23’ 47’’ O | ||||
Fläch | 6 874 ha | ||||
Bevëlkerung | 66 381 (2010) |
Bourges ass eng franséisch Gemeng a Stad am Departement Cher an der Regioun Centre.
Bourges läit am Zentrum vun der grousser Gewan vum Berry, um Hank vun enger Kopp ëm déi zwéi Flëss lafen, d'Ièvre an den Auron, déi do och grouss Suppe forméieren.
Bourges huet keltesch Originnen, well et war schonn déi gréisst Stad vun de Bituriger. Nodeem den Cäsar Gallien ënnerworf hat, gouf d'Stad Avaricum gedeeft. Well se sech ferm géint d'Réimer gewiert hat, gouf s'och vun deene praktesch komplett zerstéiert, a s'ass eréischt erëm am 4. Joerhonnert erëm méi e wichtegen administrativen Zentrum ginn.
Duerno huet sech eng laang Zäit mat Bourges net vill gedoen, bis et um Enn vum 12. Joerhonnert en Äerzbistum gouf. Dunn ass ugefaange ginn d'Kathedral Saint-Etienne ze bauen, déi en aalt romanescht Gebai ersat huet. Mä seng grouss Zäit war nach nach komm.
Dat huet sech geännert wéi den Herzog Jean vum Berry, de Brudder vum Charel V., aus Bourges d'Haaptstad vu sengem Herzogtum gemaach huet. Hie war e cultivéierte Prënz an als Amateur vun de Kënscht huet hien e groussen Haff gefouert, an och vill Artisten ëm sech versammelt.
Am Honnertjärege Krich wéi eng grouss Parti vu Frankräich vun den engleschen Truppe besat war, huet de Charel V. sech bei säi Monni Jang op Bourges verfuusst, dat zu deem Moment d'inoffizell d'Haapstat vu Frankräich gouf.
Deemools ass och dem Jacques Coeur seng Glanzzäit ugaangen, deen als Bouf vun engem Pelzhändler, fir d'éischt klengen Händler war, an dunn iwwer de Wee vum Banquier an Armateur de Patron vun engem internationalen Handelsreseau gouf.