Bretonesch Brezhoneg | |
---|---|
Gëtt geschwat an: | Bretagne (deelweis) |
Regioun: | Europa |
Gëtt geschwat vun: | 207.000 (2018) |
Klassement: | |
Klassifikatioun no Famill: | Indoeuropäesch
|
Offizielle Status | |
Offiziell Sprooch vun: | Bretagne |
Reglementéiert vun: | Office public de la langue bretonne |
Sproochcoden | |
ISO 639-1 | br |
ISO 639-2 | bre |
ISO 639-3 | bre |
Bretonesch oder d'bretonesch Sprooch (op Bretonesch: Brezhoneg, dacks ausgeschwat als: /breˈzõːnɛk/ oder /bʁeˈzõːnək/) ass eng keltesch Sprooch, déi am Joer 2018 vu ronn 207.000 Leit an Deeler vun der Bretagne geschwat gouf. Déi, déi Bretonesch schwätzen, ginn op Franséisch brittophones oder bretonnants genannt.
Bretonesch ass als Regional- oder Minoritéitesprooch a Frankräich unerkannt an zielt dem Conseil régional no zënter 2004 – nieft dem Franséischen an dem Gallo – als Sprooch vun der Bretagne. D'Bretonesch gëtt vun der UNESCO als eng Sprooch klasséiert, déi eeschtlech a Gefor ass[1].