D'COSPAR-Bezeechnung och International Designator, kuerz NSSDC ID, ass d'Katalognummer vu jiddwer Raumfluchkierper op enger Ëmlafbunn, déi dem COSPAR gemellt gëtt. De Begrëff Raumfluchkierper gëtt dobäi generéis gesinn an ëmfaasst och all d'Objeten, déi no engem Start vun enger Rakéit entstane sinn an eng selbstänneg Ëmlafbunn hunn. De Sënn vun deene Bezeechnungen ass, fir all Raumfluchkierper - egal wéi grouss en ass a vu wou en hierkënnt - mat senge Bunndaten eendeiteg z'erfaassen an als Stéiergréisst aus astronomeschen Observatiounsdaten erausfilteren ze kënnen.