![]() |
Dëse Medezinsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
![]() |
Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun de Medezinartikelen. Dës Informatioune si fir eng allgemeng Weiderbildung geduecht, mä ersetzen op kee Fall en Dokter oder Apdikter! Och d'Éischt-Hëllef-Rotschléi kënnen op kee Fall mat engem richtegen Éischt-Hëllef-Cours gläichgesat ginn! |
D'COVID-19-Pandemie ass en Ausbroch vun der neier Otemweeërkrankheet COVID-19 (oder "Covid-19" fir "Corona Virus Disease 2019"). D'Krankheet ass Enn Dezember 2019 an der Stad Wuhan an der chineesescher Provënz Hubei ausgebrach. Si huet sech am Januar 2020 zu enger Epidemie an der Volleksrepublik China entwéckelt a sech weltwäit verbreet. Si gouf vum neie Coronavirus SARS-CoV-2 ausgeléist. Fir enger Verbreedung a Länner ouni effizient Gesondheetssystemer entgéintzewierken, huet d'Weltgesondheetsorganisatioun den 30. Januar 2020 den internationale Gesondheetsnoutstand ausgeruff. Den 9. Februar 2020 huet d'Zuel vun de gemellten Doudesfäll, iwwer 800, d'total Zuel vun den Doudesfäll vun der SARS-Pandemie 2002/2003 iwwerschratt. Vum 28. Februar 2020 un huet d'WHO an hire Rapporten de Risiko op weltwäitem Niveau als "ganz héich" bewäert, virdrun als "héich". Den 11. Mäerz 2020 huet d'WHO offiziell déi vireg Epidemie als Pandemie erkläert, déi éischt zënter der H1N1-Pandemie am Joer 2009/10.
Persoune ware weltwäit bis zum nogewisenermoosse mam Virus infizéiert. Persounen hunn e bis dohin net iwwerlieft[1].