Cabarenert ass e lëtzebuergesche Cabaretsensembel mam Al Ginter, Monique Melsen, Karin Seywert a Marcel Heintz.
Den Ensembel gouf vum Josy Braun ënner dem Numm Cabaret J.B. gegrënnt.
Zu den Auteure vun den Texter zielen ë. a. de Roland Gelhausen, de Jay Schiltz, de Jhemp Hoscheit, d'Claudine Muno an de Roland Harsch.[1]
Bei virege Programmer hunn och d'Aliette Lauff, de Josy Braun, d'Marianne Pettinger, de Roland Gelhausen, de Pascal Granicz, de Conny Scheel oder d'Josée Klincker matgespillt.[2]