De Canberra Deep Space Communication Complex (CDSCC) ass eng Antennestatioun mat Parabolantennen an Australien. Si steet südwestlech vun der Haaptstad Canberra, am Dall vum Murrumbidgee River um Rand vum Tidbinbilla-Naturreservat. D'CDSCC-Statioun ass en Deel vum Deep Space Network. D'offiziell Ouverture war den 19. Mäerz 1965 duerch den deemolegen australesche Premierminister Robert Menzies. D'Betribsféierung hat zanter Mäerz 2003 Raytheon Australia, am Optrag vum CSIRO an der NASA.