Candela [kanˈdeːla] , (laténgesch fir Käerz) ass d'SI-Basiseenheet vun der Liichtstäerkt, dat heescht dee vun engem Objet an eng Richtung ausgestraalte Liichtstroum pro Raumwénkeleenheet (Steradiant, sr), gemoosst a grousser Distanz vun der Liichtquell.
De Candela ass eng photometresch Eenheet. Fréier Definitioune vun der Liichtstäerkteneenheet hu sech op Referenzliichtquelle bezunn, mat deenen déi ze moossend Quell als méi oder manner hell verglach konnt ginn. Duerch déi modern Definitioun ass d'Liichtstäerkt fir eng bestëmmt Liichtwellelängt un d'Stralungsstäerkt an domat un d'SI-Eenheet Watt gebonn. Iwwer déi genormte Kurv vun der spektraler Wahrnehmungsfäegkeet vum mënschlechen Aa kann déi Definitioun och op aner Wellelängten iwwerdroe ginn.
D'Wiel vun der Liichtstäerkt als photometresch Basisgréisst schéngt zunächst wéineg novollzéibar, well aus méi moderner Vue z. B. de Liichtstroum oder d'Liichtdicht als méi fundamental Gréisste kéinten ugesi ginn. Zur Ufangszäit vun der Photometrie awer, wéi de visuelle Verglach vu Liichtquellen am Vierdergrond stoung, war d'Liichtstäerkt déijeneg Eegenschaft vun de Quellen, déi am einfachsten engem Verglach zougänglech war an déi dohier als déi fundamental photometresch Gréisst agefouert gouf.
Eng gewéinlech Haushaltskäerz huet eng Liichtstäerkt vun ongeféier 1 cd.