Cassini-Huygens

Cassini-Huygens
Kënschtleresch Duerstellung vum Cassini (grouss Sond) an Huygens (lénks) virum Titan (ganz vir) a Saturn (Hannergrond)
Missiounszil Saturn a seng Mounden
COSPAR-Bezeechnung 1997-061A
Dréierrakéit Titan-IV(401)B
Optrag vun der NASA
Startmass 2523 kg
Start 15. Oktober 1997, 8:43:00 UTC
Startplaz Cape Canaveral SLC-40
Missiounsenn 15. September 2017, 12:08 UTC[1]
Cassini wärend der Montage

Cassini-Huygens ass eng Missioun mat zwou Raumsonde fir d'Erfuersche vum Planéit Saturn a senge Mounden. De Cassini ass en Orbiter, deen op Bestellung vun der NASA vum Jet Propulsion Laboratory gebaut gouf, fir d'Objeten aus der Saturnëmlafbunn z'ënnersichen. Den Huygens (gebaut vun Aérospatiale op Bestellung vun der ESA) gouf als Lander konzipéiert, dee vum Cassini ofgekoppelt gouf an um Mound Titan gelant ass, fir do d'Atmosphär an d'Uewerfläch z'erfuerschen. Wéinst der dichter Atmosphär vum Mound wier et net méiglech gewiescht, dat vun engem Orbiter aus ze maachen. Un där Missioun war och déi italieenesch Raumfaartagentur ASI bedeelegt.

Déi béid uneneegekoppelt Sonde goufen de 15. Oktober 1997 vum Launch Complex 40 op Cape Canaveral mat enger Titan-IVB-Rakéit gestart. Den 1. Juli 2004 ass de Cassini an d'Saturnëmlafbunn ëm de Saturn ageschwenkt, an de 14. Januar 2005 ass d'Huygens dräi Wochen no der Trennung vum Cassini um Mound Titan gelant an huet dono 72 Minutte laang Daten op d'Äerd geschéckt.

De Lander, wéi och de Cassini-Orbiter, hu mat hire wëssenschaftlechen Instrumenter vill nei, deelweis revolutionär Erkenntnesser am Bezuch op de Saturn a seng Mounde geliwwert. D'Missioun gouf dacks verlängert an ass de 15. September 2017 mam Antrëtt vun der Sond an d'Saturnatmosphär op en Enn gaangen.

  1. JPL - The Grand Finale Toolkit, gekuckt den 19. Abrëll 2017

From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne