De Catalog of Nearby Habitable Systems (HabCat) ass en astronomesche Katalog mat Stäresystemer, déi theoreetesch Planéiten an der jeeweileger habitabeler Zon kéinten hunn. D'Lëscht gouf vun de Wëssenschaftlerinnen Jill Tarter a Margaret Turnbull ënner dem Patronat vum Projet Phoenix (engem Deel vum SETI) zesummegesat.
De Katalog baséiert um Hipparcos-Katalog, deen am Ganzen 118.218 Stären oplëscht. Duerch d'Auszortéieren op Basis vu ville Stäreneegeschaften a -sytemer stinn an där Lëscht aktuell 17.129 HabStars.