De Cayambe ass e Vulkan an den Anden am Ecuador. Hie läit um Equator, zirka 65 km am Nordoste vun der Haaptstad Quito.
Seng Spëtz erreecht 5.796 Meter an hien ass domat den drëtthéchste Bierg am Ecuador, nom Chimborazo, 6.267 m an dem Cotopaxi, 5.897 m.
Op der Südflank vum Vulkan, op 4.600 m, ass deen héchste Punkt op der Welt vun der Equatorlinn.
De Cayambe ass dat ganzt Joer mat Schnéi bedeckt. Hie gehéiert zu der ekologescher Reserve Cayambe-Coca.
Den Numm vum Vulkan staamt aus der Sprooch vun de Kayambi, den Urawunner déi schonn an der Pre-Inkazäit do gewunnt hunn. Hir direkt Nofollger liewen haut nach an den Dierfer um Fouss vum Vulkan.
Cayambe ass och den Numm vun enger Stad mat zirka 30.000 Awunner um Fouss vum Vulkan.