Cecil Parker

Cecil Parker
Gebuer 3. September 1897
Hastings
Gestuerwen 20. Abrëll 1971
Brighton
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Schauspiller, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller

Den Cecil Parker, gebuer als Cecil Schwabe den 3. September 1897 zu Hastings, a gestuerwen den 20. Abrëll 1971 zu Brighton, war en englesche Schauspiller.

Den Cecil Parker huet an 2 Filmer vum Alfred Hitchcock an zwar The Lady Vanishes (1938) an Under Capricorn (1949) matgespillt. Aner bedeitend Filmer mat him sinn The Citadel (1938) vum King Vidor, The Man in the White Suit (1951) vum Alexander Mackendrick an The Ladykillers (1955) och vum Alexander Mackendrick.

Hie war an enger 100 Kinos- an TV-Filmer ze gesinn.


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne