Charles Aznavour | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | Charles Aznavourian |
Gebuer |
22. Mee 1924 6. Arrondissement |
Gestuerwen |
1. Oktober 2018 Mouriès |
Doudesursaach | Häerzkollaps |
Nationalitéit | Frankräich, Armenien |
Aktivitéit | Liddermécher, Dréibuchauteur, Filmschauspiller, Liddertexter, Komponist, Dichter, Diplomat, Discographesche Kënschtler, Filmregisseur, Sänger, Chansonnier, Schauspiller |
Famill | |
Kanner | Seda Aznavour |
![]() |
De Charles Aznavour, gebuer als Shahnour Vaghenag Aznavourian den 22. Mee 1924 zu Paräis, a gestuerwen den 1. Oktober 2018[1],[2] zu Mouriès, war en armeenesch-franséische Chansonsänger, Schauspiller a Komponist.
De Charles Aznavour war als Schauspiller an iwwer 70 Filmer ze gesinn. Seng bedeitend Filmer sinn tëschent 1959 an 1960 also an engem Zäitraum vun 2 Joer gedréint ginn, an dat sinn La tête contre les murs (1959) vum Georges Franju, Tirez sur le pianiste (1960) vum François Truffaut, Le passage du Rhin (1960) vum André Cayatte an Un taxi pour Tobrouk (1960) vum Denys de La Patellière.
Den Aznavour huet och d'Musek fir eng 20 Filmer komponéiert.