Charles Boyer

Charles Boyer
Gebuer 28. August 1899
Figeac
Gestuerwen 26. August 1978
Phoenix
Doudesursaach Iwwerdosis
Nationalitéit Frankräich, USA
Educatioun Sorbonne
Aktivitéit Filmschauspiller, Televisiounsproduzent, Dréibuchauteur, Filmproduzent, Theaterschauspiller, Schauspiller, Sänger, Televisiounsschauspiller

De Charles Boyer, gebuer den 28. August 1899 zu Figeac, a gestuerwen de 26. August 1978 zu Phoenix, war e franséisch-amerikanesche Schauspiller.

De Charles Boyer war an iwwer 90 Kinos- an TV-Filmer ze gesinn.

Am Joer 1942 krut hien d'US-amerikanesch Nationalitéit.

De Charles Boyer war vun 1934 bis zu hirem Doud am August 1978 mat der Schauspillerin Pat Paterson bestuet. Zwéin Deeg nom Doud vu senger Fra huet hie sech de 26. August 1978 d'Liewe geholl.

Säi Graf ass um Holy Cross Cemetery zu Culver City. Um Hollywood Walk of Fame erënnert e Stär un de Boyer.


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne