Chile

República de Chile

Fändel vum Chile

Wope vum Chile

Detailer

Detailer
National Devise: Por la Razón o la Fuerza
(sp. fir: "Duerch Verstennegsinn oder Kraaft")
Offiziell Sprooch: Spuenesch
Haaptstad: Santiago de Chile
 • Awunner: 6 254 314 (2017)
 • Koordinaten: 33° 26′ 16′′ S 70° 39′ 01′′ W
Staatsform:
 • President: Gabriel Boric
Fläch: 756 950 km² (37.)
 • Dovu Waasser: 1,07% %
Bevëlkerung: 19 678 310 (2021, geschat) (60.)
 • Bevëlkerungsdicht: 26/km²
Onofhängegkeet: vu Spuenien
12. Februar 1825 unerkannt
Nationalfeierdag: 18. September
Nationalhymn: Puro, Chile
Wärung: Peso chileno
Zäitzon: UTC -4, -3
Internet TLD: .cl
Internationalen
Telefonsprefix
:
+56

D'Republik Chile (República de Chile) ass en onofhängege Staat am Südweste vu Südamerika. D'Haaptstad ass Santiago de Chile.

D'Land grenzt am Norden un de Peru, am Westen un de Pazifik, am Süden un de Paso Drake, am Nordosten u Bolivien an am Osten un Argentinien. Zum Chile gehéieren nach verschidden Inselen am Pazifik, wéi den Archipel Juan Fernández an d'Ouschterinsel (Isla de Pascua), déi geographesch a Polinesie läit.

De Chile huet eng Fläch vu 756.950 km². Dozou kënnt nach eng Zon an der Antarktis vun 1.250.000 km², den Antarktesche Chileeneschen Territoire (Territorio Chileno Antártico).

Chile konsidéierert sech als en Dräikontinentalland.


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne