Christian Calmes | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | François Christian Calmes |
Gebuer |
13. Juli 1913 Oberursel |
Gestuerwen |
5. Juli 1995 Grasse |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Historiker, Diplomat, Affekot, Politiker |
Famill | |
Papp | Albert Calmes |
Mamm | Jeanne Reuter |
![]() |
De Christian Calmes, gebuer den 11. Juli 1913 zu Oberursel (D), a gestuerwen de 5. Juli 1995 zu Grasse (F), war e lëtzebuergesche Jurist, Diplomat, Historiker an Auteur.
Vun 1945 bis 1946 war hie President vun der Conférence du jeune barreau de Luxembourg.
Den 9. September 1952 gouf hien den éischte Generalsekretär vum Ministerrot vun der CECA an ass dat bis de 14. Juni 1973 bliwwen. Wéi säi Papp, den Albert Calmes, war hien och Historiker an huet deem säi Wierk weidergeféiert. De Christian Calmes war effektive Member vun der Section historique vum Institut grand-ducal.
Vun 1981 bis 1984 war hien Haffmarschall beim Groussherzog Jean.