Christine Majerus | |
---|---|
| |
Gebuer |
25. Februar 1987 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Cyclocrossfuerer |
Veräin/Ekipp | SD Worx |
Huet matgemaach bei | UCI-Kalenner 2019, UCI Women’s World Tour 2016, Internationalen UCI-Kalenner fir Dammen, Internationalen UCI-Kalenner fir Dammen 2015, Internationalen UCI-Kalenner fir Dammen 2014, Internationalen UCI-Kalenner fir Dammen 2013, Internationalen UCI-Kalenner fir Dammen 2012, Tour de France Femmes 2022, Tour de France Femmes 2023 |
![]() |
D'Christine Majerus, gebuer de 25. Februar 1987 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng fréier lëtzebuergesch Sportlerin, déi no enger kuerzer Karrär als Liichtathleetin, Duathleetin an Triathleetin tëscht 2006 an 2024 am Vëlossport aktiv war. Den 13. Oktober 2024, mat hirer Participatioun um Simac Ladies Tour, huet si hirer sportlecher Karriär en Enn gesat.[1]
Si war dräimol Lëtzebuerger Championne - am Cyclocross, Zäitfueren a Stroossecourse -, huet de Boels Ladies Tour an de Festival Elsy Jacobs gewonnen, huet e Weltmeeschtertitel am Zäitfuere mat der Ekipp a war véiermol bei den Olympesche Spiller mat dobäi. Si gouf siwemol vun der Lëtzebuerger Sportpress zu der Lëtzebuerger Sportlerin vum Joer gewielt.[2]