Claus Holm | |
---|---|
![]() De Claus Holm (ëm 1955) | |
Gebuertsnumm | Helmut Gerhard Ozygus |
Gebuer |
4. August 1918 Bochum |
Gestuerwen |
21. September 1996 Berlin |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Televisiounsschauspiller, Synchronspriecher, Theaterschauspiller, Filmschauspiller |
![]() |
De Claus Holm, gebuer als Helmut Gerhard Ozygus de 4. August 1918 zu Bochum-Werne an Däitschland, a gestuerwen den 21. September 1996 zu Berlin, war en däitsche Film- an Theaterschauspiller a Boxer.[1]
Bekannt Filmer vum Claus Holm sinn Nachts, wenn der Teufel kam (1957) vum Robert Siodmak a déi a Frankräich vun der Filmkritik héich gelueft Filmer vum Fritz Lang Der Tiger von Eschnapur (1959) an Das indische Grabmal (1959), an deenen och de lëtzebuergesche Schauspiller René Deltgen matgespillt huet.
Zum Schluss vu senger Carrière war hie nach an zwee Wierker vum Rainer Werner Fassbinder zu gesinn an zwar am Film Die Ehe der Maria Braun souwéi an der TV-Verfilmung vum Alfred Döblin sengem Roman Berlin Alexanderplatz.