Cookinselen | |||||
| |||||
![]() | |||||
Offiziell Sprooch: | Englesch, Rarotonganesch | ||||
• Koordinaten: | 15° 0’ 0’’ S 161° 0’ 0’’ W | ||||
Staatsform: | Territoire a fräier Associatioun mat Néiséiland dee sech selwer verwalt | ||||
Fläch: | 240,0 km² | ||||
Bevëlkerung: | 14.222 | ||||
Nationalhymn: | God Save the King | ||||
Zäitzon: | UTC -10 | ||||
Internet TLD: | .ck | ||||
Internationalen Telefonsprefix: |
+682 | ||||
![]() |
D'Cookinselen (englesch Cook Islands, rarotonganesch Kūki 'Āirani; och nach: Cook-Archipel, Mangaia-Archipel, Herveyinselen) sinn en onofhängegen Inselstaat an enger „fräier Associatioun mat Neiséiland“ an en Archipel am südleche Pazifik . Se hunn eng Fläch vun 236,7 km² a 14.987 Awunner (Stand 2021), vun deenen déi meescht zum Vollek vun de Cook Islands Māori gehéieren. D'Haaptstad Avarua läit op der Insel Rarotonga. D'Cookinselen sinn den éischte Staat an deem d'Fraen an d'Wale gaangen sinn.
Déi zwou offiziell Sprooche vun de Cookinsele sinn Englesch an zënter 2003 och Rarotonganesch. Do dernieft gëtt och nach Pukapukanesch, Penrhyn a Rakahanga-Manihiki geschwat.