D'Cyclocross-Weltmeeschterschaft 2017 war déi 68. Editioun vun de Weltmeeschterschaften am Cyclocross. Si waren den 28. an 29. Januar 2017 zu Bieles.
Bannent den zwéin Deeg waren 30.000 Spectateure gezielt ginn. D'Organisatioun huet, bei engem Gesamtbudget vun 1,5 Millioune Euro, d'Gemeng Suessem ëm déi 390.000 Euro kascht. Si hat mat 260.000 Euro méi u Recettë gerechent.[1]